D'Wieder fir déi nächst Deeg

Eis nächst Aktiviéiten / Neiegkeeten:


D'Iieselsfrënn pilgeren den 03. Mee 2026 an d'Oktav

 

Sonndes, Den 3. Mee 2026 si mer mat den Ieselsfrënn an d'Oktav gepilgert.

 

Net manner wi 11 Ieselen mat hire Mënschen, aus allen Ecker vum Land, sin de Moien zu Beggen zesummekomm fir vun do aus mateneen bei d'Tréischterin ze pilgeren.

 

Den Weihbëschof Leo Wagener huet eis zesumme mam Renée Schmit empfong an huet eis Ieselen virun der Kathedral geseent.

 

Duerno huet hien eis, wi all Joer, rem an der Krypta eng wierklech extra schéin Mass gehalen wu hien ëmmer rem besonnësch op d'Ieselen agang as.

 

Et war och nach genuch Zäit fir en Tierchen iwert den "neie Märtchen" ze trëppelen bis dann awer rem bemol Zeit gouf d'Ieselen rem prett ze mache fir de Rëckwee. 

 

Schéin war et rem, trotz dene puer Drëppse Reen.

An déi di mat derbäi waren, wësse lo genau fierwat den Iesel "I-Ah" rifft ❤


Randonnée Sonndes den 7. Juni zu Ahn

Dësen Tour gett vum Max Duhr organiséiert. 

 

E  Sonndech, 7. Juni 2026 as rem  di flott, traditionnell Randonnée op der Musel!

Méi genau;  beim Max Duhr zu Ohn. 


 Adress vum Dag: 9 & 16, rue Aly Duhr, L- 5401 Ahn.
Départ as wi ëmmer um 10:00 Auer.
Picknick matbrëngen!! 

Da geet et mat den Ieselen duerch d'Wëngerten a mir kréien allerlee Erklärungen iwert d'Riewen an de vieraussichtleche Joergang 😀 
De Max get eis bestemmt och rem seng beschte Weiner a Crémants ze schmaachen 🥂😊
 
Am Anhang gesid Dir e puer Fotoen vun de vergangene Johren

Mir fréen eis :-)


Foire Agricole Ettelbreck 3. - 5. Juli

 

Dest Joer si mier och erem mat eisen Ieselen präsent


Randonnée Samschdes den 11. Juli zu Asselborn

Dësen Tour gett vum Pascale Hoffmann organiséiert.

Weider Informatiounen +/- 14 Deeg virum Datum.


Randonnée Sonndes den 02. August zu Hollenfels

Dësen Tour gett vum Cynthia Hornick organiséiert.

Weider Informatiounen +/- 14 Deeg virum Datum.


Ieselsfest zu Steesel

D'Fest ass beim Centre de loisirs Norbert Melcher (beim Fussballsterrain)
62, rue de l'Alzette
L-7305 Steinsel

Collaboration avec Anesolidaires (F) et Projet Interreg - Grande Région "Donkeys in GR" en cours:

 

Dans le cadre du programme des petits projets "Interreg Grande Région Cofinancé par l'Union Européenne", grâce à l’aide financière reçue, Ieselsfrënn Lëtzenbuerg (LU)  et ÂneSolidaires (FR) s'unissent pour réaliser un ensemble d'activités autour des ânes.

Le nom de ce projet commun, est DONKEYS IN GR (Les ânes dans la Grande Région).


Ces activités communes à nos deux associations sont là pour permettre de renforcer les échanges entre des associations rurales et éducatives de régions transfrontalières  voisines.
Ce projet permet de :

  • de partager  et d'enrichir les connaissances et les bonnes pratiques concernant le bien-être de l'âne.
  • de créer des activités communes autour des ânes et de la vie rurale  et,  ce, pour des publics variés (enfants, familles, écoles, associations et professionnels)


Le projet Donkeys in Gr comporte plusieurs volets: Des stages approfondis sur l'éducation et les soins aux ânes ainsi qu'une grande fête de l'âne au Luxembourg.

 

Liens:
www.anesolidaires 

www.interreg-gr.eu

 


Randonnée Sonndes den 13. September zu Fingig

Dësen Tour gett vum Sandy Fischels organiséiert.

Weider Détailer +/- 14 virum Datum.


Randonnée Sonndes den 04. Oktober zu Beetebuerg

Dësen Tour gett vum Laura Ries organiséiert.

Weider Informatiounen +/- 14 Deeg virum Datum.